Skip to main content
And One - De Basketpodcast

And One - De Basketpodcast

By Luxemburger Wort

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.
Available on
Google Podcasts Logo
Pocket Casts Logo
RadioPublic Logo
Spotify Logo
Currently playing episode

Teaser

And One - De BasketpodcastMay 18, 2021

00:00
00:56
#34 - Samy Picard

#34 - Samy Picard

De Samy Picard ass schonn zanter 2020 President vun der FLBB. Och no der Corona-Pandemie haten den Ex-Nationalspiller a seng Equipe genuch ze dinn. An der leschter Folleg vun der Saison erzielt hien, wéi e perséinlech mat de villen Diskussiounen eens ginn ass, déi et dës Saison goufen. Ausserdeem äussert hien sech zu aktuellen Themen.

May 09, 202331:33
#33 - Jean Kox

#33 - Jean Kox

No dëser Saison zitt de Jean Kox e Schlussstréch. De laangjärege Nationalspiller trëtt am Alter vun 32 Joer zeréck. Am Podcast erzielt de Kapitän vun de Musel Pikes, wisou en dës Entscheedung getraff huet a wourob en sech elo besonnesch freet.

Apr 18, 202341:57
#32 - Lou Mathieu a Christophe Mertzig

#32 - Lou Mathieu a Christophe Mertzig

D'Lou Mathieu an de Christophe Mertzig hunn sech duerch de Basket kennegeléiert. Wärend d'Lou zu Contern bei den Damme spillt, ass de Christophe fir d'Hären am Asatz. Am Podcast geet et em d'Roll vum Sport an hirer Bezéiung an d'Zukunft vum Club.

Apr 04, 202337:50
#31 - Philippe Gutenkauf

#31 - Philippe Gutenkauf

De Philippe Gutenkauf huet e Samschdeg mat der Etzella d'Coupe gewonnen. Am Podcast erzielt den Ettelbrécker, wéi hien dëse speziellen Dag erlieft huet a wéi d'Party nom Match war. Ausserdeem schwätzt de Nationalspiller iwwert seng aner Aufgaben am Veräin an eng iwwerraschend Offer aus Mexiko.

Mar 21, 202339:16
#30 - Lena Mersch

#30 - Lena Mersch

D‘Lena Mersch huet déi lescht Joren nieft dem Studium an Éisträich gespillt, elo ass et zeréck am Land a kämpft mat Sparta em Titelen. Am Podcast erzielt d‘Lena, wisou et op Bartreng gewiesselt ass, wéi säin Aarbechtsalldag ausgesäit an ob et sech scho mat der Nationalequipe beschäftegt huet.
Mar 07, 202334:22
#29 - Joe Kalmes

#29 - Joe Kalmes

De Joe Kalmes wëll dës Saison mat Diddeleng endlech säin éischten Titel gewannen. Am Podcast schwätzt de Joe awer och doriwwer, wisou ee beim T71 e gewëssenen Drock huet a wéi schwiereg et ass, Polizist a Basketspiller ze sinn. Dobäi ass och seng Gesondheet entscheedend.

Feb 21, 202339:53
#28 - Joy Baum

#28 - Joy Baum

Säit dëser Saison ass d'Joy Baum als Profi am Ausland aktiv. D'Nationalspillerin erzielt am Podcast, wéi et zum Wiessel op Chemnitz koum a wéi d'Lierwen an Däitschland ass. Ausserdeem schwätzt d'Joy doriwwer, wisou et bei der Arméi bemol Zweiwel krut a wien et schonn ëmmer inspiréiert huet.

Nov 29, 202239:51
#27 - Alex Rodenbourg

#27 - Alex Rodenbourg

Den Alex Rodenbourg huet bal seng ganz Karriär fir Basket Esch gespillt an 2022 dann och säin éischten Titel um Terrain gewonnen. Am Podcast erzielt den Ex-Nationalspiller, wisou en et net emmer einfach hat a wéi eng Tipps en ambitionéieren Nowuesssportler géif ginn. Den Alex schwätzt awer och iwwert e neie Projet, deen him um Häerz läit.

Nov 15, 202238:14
#26 - Peter Rajniak

#26 - Peter Rajniak

De Peter Rajniak war selwer jorelang zu Lëtzebuerg an och am Ausland aktiv. Haut hëlleft hien ënnert anerem Basketspiller dobäi, hiere Schoss ze verbesseren. Am Podcast verréit hien e puer Tipps. Duerch seng Leidenschaft huet den Ex-Nationalspiller viru Kuerzem och en NBA-Star getraff. Ausserdeem erzielt de Peter, wéi eng Lëtzebuerger am beschte schéissen.

Nov 01, 202242:57
#25 - Esmeralda Skrijelj

#25 - Esmeralda Skrijelj

D'Esmeralda Skrijelj huet schon vill erlieft. Nieft de gewonnenen Titelen mat Steesel arennert sech d'Basketspillerin besonnesch gär un d'Asätz fir d'bosnesch Jugendnationalequipe. Am Podcast erzielt d'Esmeralda, wisou et ni wierklech Zäit hat fir duerchzeootmen a wat et elo nach fir Ziler huet.

Oct 18, 202237:40
#24 - Malcolm Kreps

#24 - Malcolm Kreps

De Malcolm Kreps ass ee vun de gréissten Lëtzebuerger Talenter. An dëser Folleg erzielt hien, wéi seng Zukunftspläng ausgesinn a wéi säi Papp him gehollef huet, esou wäit ze kommen. Ausserdeem verréit de Basketspiller, wien besonnesch schwéier ze verteidegen ass.

Oct 04, 202235:20
#23 - 10 Froe virum Start vum Championnat mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

#23 - 10 Froe virum Start vum Championnat mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

Dëse Weekend geet hei am Land de Basketchampionnat nees un. Virum Start beäntweren d'Jenny Zeyen vum Tageblatt an de Jeff Kettenmeyer vun RTL zesumme mam Bob Hemmen déi wichtegst Froen.

Sep 20, 202259:15
#22 - Anne Simon

#22 - Anne Simon

D'Anne Simon huet en Dram. D'Nationalspillerin wëll Profi ginn an ass 2019 mat deem Zil an d'USA gaangen, wou d'Lëtzebuergerin fir d'University of Maine am Asaz ass. Am Podcast erzielt d'Anne, wéi et him do um a nieft dem Terrain gefält. Ausserdeem äussert sech d'Basketspillerin an der leschter Episod vun der Saison zum Drock, mat deem et muss eens ginn an der Méiglechkeet, an d'WNBA ze kommen.

May 17, 202241:59
#21 - Christopher Jones

#21 - Christopher Jones

De Christopher Jones war jorelaang ee vun de beschte Basketspiller am Land, dunn huet e positiven Doppingtest alles verännert. Nodeems den Ex-Nationalspiller nees ugefaangen hat, gesäit een hien zanter dëser Saison net méi um Terrain. Am Podcast bléckt de Christopher op eng fir hie schwiereg Zäit zeréck, erkläert wéi en haut zum Basket steet an ob e sech virstelle kann, nach eng Kéier unzefänken.
May 03, 202243:44
#20 - Jo a Lynn Schreiner

#20 - Jo a Lynn Schreiner

D'Jo an d'Lynn Schreiner sinn net just Zwillingen, mee och Teamkolleeginnen. Déi zwou Ex-Nationalspillerinne si virun der Saison vun Ettelbréck op de Gréngewald gewiesselt. Am Podcast erzielen d'Schwësteren, wéi et dozou komm ass a wisou si mat hirer neier Equipe schonn an der Véierelsfinall vum Championnat erausgeflu sinn. Ausserdeem geet et em hiert besonnescht d'Verhältnis, Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder.
Apr 19, 202239:06
#19 - Chris Dentzer

#19 - Chris Dentzer

Als administrativen Direkter vun der FLBB huet de Chris Dentzer genuch ze dinn. Dem 31-Järegen säin Aufgabeberäich geet vun der Organisatioun vun Eventer bis hin zu laangfristege Projeten. Am Podcast erzielt de Chris, wéi en zu dësem Job komm ass, wéi eng Aufgaben him am meeschte Spaass bereeden an u wat aktuell beim Verband geschafft gëtt. Ausserdeem verréit hien zum Schluss, wien de nächste FLBB-President sollt ginn.
Apr 05, 202240:42
#18 - Lou Demuth

#18 - Lou Demuth

De Lou Demuth huet mat sengen 22 Joer scho vill erlieft. Den 2,13 m grousse Basketspiller war an der Jugend a Frankräich a Spuenien an dono um College an den USA. Säit dëser Saison spillt de Center nees zu Lëtzebuerg an huet et mat Hiefenech an d'Play-offs gepackt. Am Podcast erzielt de Lou, wéi en haut op déi eenzel Statiounen zeréckbléckt a wisou en heiansdo Drock hat. Ausserdeem verréit hien, wéi eng Remarken zu senger Gréisst besonnesch nerven a wéi en domat ëmgeet, permanent am Mëttelpunkt ze stoen.
Mar 22, 202241:07
#17 - Billie Schulté

#17 - Billie Schulté

D'Billie Schulté konnt dëst Joer nach net um Terrain stoen. D'Kapitänin vu Basket Esch misst coronabedéngt eng länger Paus aleeën an hofft elo, esou schnell wéi méiglech nees kënnen ze spillen. Am Podcast erzielt d'Basketspillerin, wisou de Sport schonn ëmmer eng sou grouss Roll fir si gespillt huet, wéi e perfekte Samschdeg ausgesäit a wien am schwéiersten ze verdeedege war. Ausserdeem geet et em d'Bezéiung mam Sébastien Thill, deen dës Saison international bekannt ginn ass.
Mar 08, 202233:48
#16 - Mike Feipel a Yannick Verbeelen

#16 - Mike Feipel a Yannick Verbeelen

Nationalspiller a Schlësselspiller bei der Sparta: De Mike Feipel an de Yannick Verbeelen sinn zwar nach jonk, am Lëtzebuerger Basket spillen déi zwee Bartrenger awer schonn eng wichteg Roll. Am Podcast erzielen si zwee, wéi et ass, bei der Nationalequipe dobäi ze sinn, wisou hire Veräinstrainer Chris Wulff heiansdo streng mat hinnen ass a wien fréier hir Virbiller waren. Ausserdeem trieden de Mike an de Yannick an engem klenge Quiz géinteneen un.
Feb 22, 202241:14
#15 - Marco Rock

#15 - Marco Rock

Am Lëtzebuerger Basket ginn et wéineg Persounen, déi esou bekannt si wéi de Marco Rock. De Rocky, wéi den Ex-Nationalspiller genannt gëtt, huet jorelaang um héchsten nationale Niveau gespillt. No der aktiver Karriär ass de Lakers-Fans dem Basket a verschiddene Funktiounen erhale bliwwen. An dëser Folleg schwätzt de Rocky iwwert seng sozial Engagementer, awer och iwwer d'Ënnerscheeder tëschent fréier an haut.
Feb 15, 202237:49
#14 - Charlie Bidinger

#14 - Charlie Bidinger

An dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass d'Charlie Bidinger zu Gaascht. D'Nationalspillerin erlieft eng staark Saison mat de Musel Pikes an ass esou gutt wéi nach ni. Am Podcast geet em der Basketspillerin hire Wee, Gläichberechtegung an der Berichterstattung a weiblech Virbiller. Ausserdeem ginn et e puer Tipps.
Jan 25, 202239:26
#13 - Philippe Arendt

#13 - Philippe Arendt

An der dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Philippe Arendt doriwwer, wéi schwéier déi vergaange Saison fir seng ganz Famill war a wisou hien d'Sparta misst verloossen. Ausserdeem erzielt den T71-Neizougang, wat hien hei am Land stéiert a wisou et him näischt ausmécht, als Fan op der Tribün och mol haart ze ginn.
Jan 11, 202241:17
#12 - Misch Engel

#12 - Misch Engel

An der zwielefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ënnerhält sech de Bob Hemmen mam Misch Engel. De Spilleragent schafft haaptberufflech als Infirmier an huet dowéinst genuch ze dinn. Am Podcast erzielt hien, wéi en zu sengem Niewenjob komm ass, wéi den Alldag als Beroder ausgesäit a wisou et net ëmmer einfach ass. Ausserdeem geet et em d'Zukunft vum Ben Kovac an dem Lëtzebuerger Basket.

Dec 14, 202138:41
#11 - Magaly Meynadier

#11 - Magaly Meynadier

An der eelefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Magaly Meynadier. D'Nationalspillerin ass säit dëser Saison nees zu Saarlouis, wou d'Profikarriär viru fënnef Joer ugefaangen huet. Am Podcast geet et ënnert anerem em d'Zäit an der Arméi an de Sprong an d'Ausland. Ausserdeem verréit d'Basketspillerin, wisou se dës Saison misst emotional iwwersetzen a wien an der Nationalequipe déi beschte Sängerin war.

Nov 30, 202139:38
#10 - Thomas Grün

#10 - Thomas Grün

An der zéngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Nationalspiller Thomas Grün am Studio. De 26 Joer ale Profi vun Tréier erzielt, wéi et fir hie war, sou fréi an d'Ausland ze goen a wisou en haut manner Drock huet. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng perséinlech Zukunft an déi vun der Nationalequipe.
Nov 16, 202143:43
#9 - Georges Berna

#9 - Georges Berna

An der néngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Georges Berna. De President vum Racing erzielt, woufir him d'Verständnis feelt, mat wéi enge Probleemer säi Veräin ze kämpfen huet a wéi et fir hie perséinlech weidergeet.

Nov 02, 202145:20
#8 - Cathy Donckel a Joe Greisch

#8 - Cathy Donckel a Joe Greisch

An der aachter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn d'Arbittesch Cathy Donckel an den Arbitter Joe Greisch zu Gaascht. Am Gespréich geet et em si perséinlech, awer och em Virurteeler, Challengen, mat deenen ee konfrontéiert gëtt an d'Rekrutéierung vu jonken Arbitteren.
Oct 19, 202150:29
#7 - Derek a Malik Wilson

#7 - Derek a Malik Wilson

An der siwenter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn zwee Bridder zu Gaascht. Den Derek an de Malik Wilson kommen aus enger richteger Basketsfamill. Kee Wonner also, dass d'Jonge vun engem Ex-Profi hei am Land um héchsten Niveau spillen. Am Podcast schwätzen déi zwee Arantia-Spiller iwwer d'Integratioun vun Amerikaner, déi beschte Bridderduoen aus der LBBL an hir Relatioun zu Ettelbréck.
Oct 05, 202140:21
#6 - Virschau op d'Saison mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

#6 - Virschau op d'Saison mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

Kuerz virum Start vun der neier Saison ass "And One - De Basketpodcast" zeréck aus der Summerpaus. An dëser Folleg si mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) zwee Experten zu Gaascht, déi zesumme mam Bob Hemmen ausféierlech iwwer all Equipe aus dem Championnat schwätzen.
Sep 21, 202101:21:09
#5 - Ken Diederich

#5 - Ken Diederich

An der fënnefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" erzielt de Ken Diederich, wat seng Pläng nom Meeschtertitel mam T71 sinn. Ausserdeem schwätzt de Nationaltrainer an der leschter Episode vun der Saison iwwer d'Problemer vum Lëtzebuerger Basket. De Coach verréit och, wat hie senge Spiller schnell ofgewinnt.

Jun 22, 202141:36
#4 - Jairo Delgado

#4 - Jairo Delgado

An der véierter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Jairo Delgado am Studio. Nom Aus géint Basket Esch an der Halleffinall vum Championnat ass dem Ettelbrécker seng Karriär eriwwer. Am Podcast erzielt de laangjäregen Nationalspiller, wat hien dës Saison am meeschte genervt huet. Ausserdeem schwätzt de 35-Järegen iwwert seng Roll als Politiker, Rassismus an d'Bezéiung mat enger Ex-Basketspillerin.

Jun 15, 202144:16
#3 - Catherine Mreches

#3 - Catherine Mreches

An der drëtter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mat enger vun de beschte Basketspillerinnen aus dem Land. D'Catherine Mreches huet sech mat T71 an der Finall vum Dammechampionnat géint d'Résidence duerchgesat. Am Podcast erzielt d'Nationalspillerin, wéi den Dag vum Titelgewënn war. Ausserdeem geet et ëm dem Catherine Mreches säi Beruffswonsch an e Choix, dee misst fréi getraff ginn.

Jun 08, 202142:25
#2 - Ben Kovac

#2 - Ben Kovac

An der zweeter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass de Ben Kovac zu Gaascht. De jonke Profi verstäerkt Basket Esch bis zum Schluss vun der Saison. Am Podcast schwätzt de Nationalspiller iwwert den Doud vu senger Mamm, d'Zäit an der Arméi an d'Liewen als Profi. Ausserdeem verréit hien, wéi et em seng Zukunft steet.
Jun 01, 202142:51
#1 - Frank Muller an Tom Schumacher

#1 - Frank Muller an Tom Schumacher

An der éischter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen zwee vun de beschte Basketspiller, déi Lëtzebuerg jee gesinn huet. No dëser Saison halen de Frank Muller an den Tom Schumacher op. Am Podcast erklären déi zwee Diddelenger, wisou si ni gewiesselt sinn a wat sech an der Kabinn geännert huet. Ausserdeem mussen déi zwee Ex-Nationalspiller am Quiz beweisen, wéi gutt dass si sech kennen.
May 25, 202146:03
Teaser

Teaser

Ab dem 26. Mee schwätzt de Bob Hemmen vum "Luxemburger Wort" all Woch mat Gäscht aus dem Lëtzebuerger Basket. Abonnéiert "And One" fir keng Folleg ze verpassen. Méi Informatioune fannt Dir op wort.lu.

May 18, 202100:56