Skip to main content
Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

By Ministère de la Santé Luxembourg

Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen.
Available on
Apple Podcasts Logo
Google Podcasts Logo
Pocket Casts Logo
RadioPublic Logo
Spotify Logo
Currently playing episode

Podcast 13 with John Ryan

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19Feb 26, 2021

00:00
24:13
25. Podcast vun der Santé mam Dr. Thomas Dentzer, André Hansen an Dr. Stéphane Tholl

25. Podcast vun der Santé mam Dr. Thomas Dentzer, André Hansen an Dr. Stéphane Tholl

Am läschte Podcast vun der Santé hu mir mat 3 Invitéë geschwat, déi all am Large Scale Testing implizéiert sinn: Den Dr. Thomas Dentzer ass als strategesche Koordinator op der Gesondheetsdirektioun um Projet täteg, den André Hansen, Direkter vun Ecolog Luxembourg, ass ënnert anerem staark un der Logistik bedeelegt an den Dr. Stéphane Tholl ass als deputy CEO a COO vu Laboratoires Réunis mat den Tester selwer befaasst. Se ginn eis e Réckbleck an en Ausbléck, erzielen eis wéi de Large Scale Testing sech als Projet ëmmer weider entwéckelt huet a wéi se déi ganz Evolutiounen erlieft hunn.

Jul 09, 202126:41
Podcast 24 mam Dr. Jean-Claude Schmit an Dr. Thomas Dentzer

Podcast 24 mam Dr. Jean-Claude Schmit an Dr. Thomas Dentzer

Am 24. Podcast vun der Santé hu mer mam Dr. Jean-Claude Schmit a mam Dr. Thomas Dentzer iwwert den neie CovidCheck System geschwat. Mir hunn awer och nogefrot wat fir Neierungen et am Large Scale Testing gëtt: am Large Scale Testing hutt Dir elo nieft serologeschen Tester a PCR-Tester op Invitatioun och d'Méiglechkeet en Rendezvous fir e PCR-Test ouni Invitatioun ze huelen.

Jun 25, 202117:17
Podcast 23 mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Podcast 23 mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Am 23. Podcast vun der Santé hate mir d'Geleeënheet eis mat der Gesondheetsministesch, Paulette Lenert ze ënnerhalen. Sie huet eis erzielt wei si d'Pandemiezäit bei der Aarbecht an och privat erlieft huet an huet eis en Ausbléck op déi Lockerunge ginn, déi eis all wäerten a grousse Schrëtter Richtung Normalitéit bréngen.

Jun 10, 202119:21
Podcast 22 mam Dr. Jean-Paul Schwartz

Podcast 22 mam Dr. Jean-Paul Schwartz

Déi meescht Leit kenne mëttlerweil een dee COVID-19 hat. An dofir weess een och, dass déi Krankheet ganz verschidde verlafe kann. Et ka symptomlos sinn, et kann awer och mëtteleschlëmm sinn oder a schlëmmste Fäll ka COVID-19 zu Hospitatlisatioune mat Beootmung féieren. An alle Fäll kënne Sequellen optrieden déi ganz verschidde kënne sinn. Dat alles kéint een als "long COVID" bezeechnen. Doriwwer hu mir am 22. Podcast vun der Santé mam Generalist a Member vum Conseil supérieur des maladies infectieuses Dr. Jean-Paul Schwartz geschwat.

May 28, 202125:00
Podcast 21 mam Dr. Thomas Dentzer

Podcast 21 mam Dr. Thomas Dentzer

Am 21. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Dentzer iwwert den Impakt um Large Scale Testing geschwat a gefrot, wéi dëse matgehollef huet d’Mesuren ze gestallten. Op Basis vun engem wëssenschaftlechen Artikel deen hien zesumme mam Prof. Paul Wilmes vun der uni.lu an dem Dr. Joël Mossong vun der Gesondheetsdirektioun verfaasst huet, huet den Dr. Dentzer eis och erkläert, wéi een dank dem Large Scale Testing virausrechne konnt, wéi vill infizéiert Persounen et géif hei zu Lëtzebuerg ginn.

May 14, 202115:56
Podcast 20 mam Dr. Robert Goerens

Podcast 20 mam Dr. Robert Goerens

Am 20. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Robert Goerens, dem Chefdokter um Impfzenter Hall Victor Hugo geschwat. Mir hunn nogefrot wei e klasseschen Aarbechtsdag am Impfzenter ausgesäit, wéi eng Zort vu Leit do schaffe mee awer och wéi hien a säin Team mat de verschiddene Meenungen zu de COVID-19 Impfungen an der Dynamik vun der Impfcampagne ëmginn.

Apr 30, 202121:19
Podcast 19 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Podcast 19 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Wat sinn déi läscht Updaten zu de verschiddenen Impfungen? Wéi soll a muss ech mech schütze wann ech mat anere Léit am Auto sëtzen? Wéi laang dauert et bis genuch Léit geimpft sinn? Wéi laang musse mir nach eng Mask undoen an eis teste loossen? Am 1. Podcast vun der Santé no der Ouschtervakanz, gi mir mam Dr. Jean-Claude Schmit, dem Direkter vun der Santé op vill verschidde Froen an déi Dir eis op alle Kanäl stellt.

Apr 23, 202117:51
Podcast 18 mam Dr. Thomas Dentzer

Podcast 18 mam Dr. Thomas Dentzer

Am 18. Podcast vun der Santé schwätze mir am Dr. Thomas Dentzer, Virolog a coordinateur stratégique op der Gesondheetsdirektioun,  iwwert de Large Scale Testing. Wat huet déi 2. Phas bruecht a wat gëtt et elo neits an der 3. Phas? Mir hunn awer och nogefrot wat et mat de Selbsttester op sech huet, wéi een domat ëmgoe soll a wat ee maache soll wann de Selbsttest positiv ausfält.

Apr 02, 202125:08
Podcast 17 mam Sandra Sidon

Podcast 17 mam Sandra Sidon

Am 17. Podcast vun der Santé hu mir eis mam Sandra Sidon ënnerhalen. Sie mécht d’Koordinatioun vum Contact tracing an ass responsabel fir d’Hotline Santé, wou vill vun Iech vläicht schonn eemol ugeruff hunn mat enger Fro zum COVID-19. Mir hunn nogefrot wéi de Contact tracing an d’Hotline organiséiert sinn a wéi d’Aarbechtsdeeg a béide Strukturen ausgesinn. Mir ginn och nach eemol drop a wisou de Contact tracing esou e wichtegen Element ass a wéini een iwwerhaapt als Risikokontakt gëllt.

Mar 26, 202119:38
Podcast 16 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Podcast 16 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Mam Dr. Schmit, dem Direkter vun der Santé, hu mir iwwert den AstraZeneca Vaccin geschwat fir Är Froen zu dësem Vaccin ze beäntweren. Mir hunn nogefrot wat et mat den Thrombosen op sech huet, wéi heefeg esou eppes ass a wéi et elo virugeet. Nieft Informatiounen zu AstraZeneca, brénge mir Iech awer och nach a punkto Virusvarianten op de leschte Stand. Dëse Podcast gouf en Donneschdeg opgeholl.

Mar 19, 202118:43
Podcast 15 avec Dr. Françoise Berthet

Podcast 15 avec Dr. Françoise Berthet

Dans ce quinzième podcast, le Dr Françoise Berthet, Directrice adjointe de la santé et secrétaire du conseil supérieur des maladies infectieuses, revient sur différentes recherches internationales menées à propos du virus, de sa transmission et de l'efficacité du vaccin contre la COVID-19. Découvrez également les démarches à suivre pour vous faire vacciner en tant que personne vulnérable.

Mar 12, 202122:23
Podcast 14 mam Dr. Thomas Dentzer

Podcast 14 mam Dr. Thomas Dentzer

Am Podcast vun der Santé informéieren mir Iech all Woch zu Themen a Relatioun mat der Pandemie an iwwert de Large Scale Testing. Dir lauschtert eis no, mee mir lauschteren awer natierlech och Iech no a mir héieren, dass Dir eis ganz vill Froe stellt. Fir méiglechst vill vun dëse Froen ze beäntweren, bidde mir Iech des Woch eng Podcast Episod mam Virolog a strategesche Koordinator vun der Gesondheetsdirektioun Dr. Thomas Dentzer, wou mir op verschidden Themen aginn, déi den Ament aktuell sinn: et geet em déi verschidden disponibel Impfstoffer, em Impfstoffer déi geschwënn wäerten disponibel sinn, Masken, Aerosole mee awer och em de Verlaf vun der Pandemie selwer. 

Mar 05, 202130:32
Podcast 13 with John Ryan

Podcast 13 with John Ryan

In the 13th episode of our health Podcast we talked to John Ryan, the Director Public Health at the Directorate-General for Health and Food Safety (DG Santé).

We asked him about European coordination work in the pandemic, DG Santé’s role in it and how it is involved in the vaccination against COVID-19.

Feb 26, 202124:13
Podcast 12 avec Dr. Sébastien Français

Podcast 12 avec Dr. Sébastien Français

Dans ce 12ème podcast, le Dr. Sébastien Français, médecin à la Direction de la santé, nous donne de précieuses explications quant à l’organisation et à la logistique autour de la vaccination et de la distribution actuelle. Découvrez comment se déroule une visite au centre de vaccination et comment se décide l’attribution d’un vaccin selon les patients.

Feb 20, 202120:43
Podcast 11 avec Dr. Françoise Berthet

Podcast 11 avec Dr. Françoise Berthet

Dans le 11e Podcast de la santé, Dr Françoise Berthet, directeur adjoint à la Direction de la santé et secrétaire du Conseil supérieur des maladies infectieuses, nous explique les critères de vulnérabilité qui rythment les phases de la campagne de vaccination au Luxembourg, en évoquant notamment le travail du Conseil supérieur des maladies infectieuses dans ce cadre. Elle revient aussi sur l’évaluation de l’efficacité des vaccins et plus particulièrement du vaccin AstraZeneca.

Feb 12, 202133:06
Podcast 10 mam Dr. Martine Trauffler & Dr. Anne-Cécile Vuillemin

Podcast 10 mam Dr. Martine Trauffler & Dr. Anne-Cécile Vuillemin

Wéi a vu wiem gëtt den Dossier vun enger Firma evaluéiert déi en Impfstoff oder e Medikament wëllt lancéieren? Wéi gëtt d’Sécherheet vum Impfstoff zu Lëtzebuerg suivéiert wann en um Marché ass? Wat ass d’Roll vun der Pharmacovigilance a wat mécht d’European Medicines Agency iwwerhaapt?

Am 10. Podcast vun der Santé gi mir nees op d’COVID-19-Imfpung an. Mir schwätze mam Dr Martine Trauffler a mam Dr Anne-Cécile Vuillemin, allen zwee vun der Gesondheetsdirektioun, iwwert d’Zouloossungsprozeduren an de Suivi vum COVID-19-Impfstoff.

Feb 05, 202133:30
Podcast 9 mam Dr. Charles Benoy

Podcast 9 mam Dr. Charles Benoy

Wéineg Facteure wierken sech op d’Psyche aus elo an der Pandemie a wat kann ech an och mäin Ëmfeld maache fir besser mat de Belaaschtungen ëmzegoen. Héiert och dëse Samschdeg (23.1) bei eis eran.

Am 9. Podcast vun der Santé schwätze mir mam Psycholog a Psychotherapeut Dr. Charles Benoy iwwert Santé mentale am Kader vun der Pandemie.

Jan 22, 202129:22
Podcast 8 mit Prof. Markus Ollert

Podcast 8 mit Prof. Markus Ollert

Die COVID-19-Impfungen

Wie genau verhindern die COVID-19-Impfungen die Verbreitung des Virus? Wieso ist es nötig zwei Dosen zu impfen und wie lange hält die Wirkung? Wann erreichen wir Herdenimmunität? Worin liegt der Unterschied zwischen einer mRNA und einer Vektorimpfung? Haben die möglichen Mutationen des Virus einen signifikanten Impakt auf die Wirksamkeit der verfügbaren Impfstoffe? 

Im 8. Large Scale Testing Podcast haben wir mit Prof. Markus Ollert vom Luxembourg Institute of Health über die COVID-19-Impfungen gesprochen.

Jan 16, 202128:14
Podcast 7 mam Dr. Thomas Dentzer

Podcast 7 mam Dr. Thomas Dentzer

Am 7. Podcast vun der Santé maache mir Iech mam Virolog Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun de Point zu verschiddene Sujeten am Kader vum COVID-19. Hien erzielt Iech méi iwwert déi nei Virusmutatiounen, erkläert den Ënnerscheed tëschen Antigentester an Antikierpertester a kuckt wéi de Large Scale Testing bis elo zur Kontroll vun der Pandemie bäigedroen huet.

Jan 08, 202131:18
Podcast 6 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Podcast 6 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Am 6. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Jean-Claude Schmit iwwert d’Impfstrategie géint de COVID-19 geschwat. Hien erkläert wéi, wou a wien geimpft gëtt a geet och op d’Fro vun der Herdenimmunitéit an. 

Dec 11, 202014:54
Podcast 5 mam Prof. Michel Pauly

Podcast 5 mam Prof. Michel Pauly

An dëser Episode kucke mir wäit zeréck an d’Geschicht. Mir schwätze mam Prof. Michel Pauly iwwert Epidemien an der Vergaangenheet. Wat war déi gréissten Epidemie? Wéi huet een sech Deemools geschützt, wéi war dat mat der spuenescher Gripp a wat hunn Impfungen un der epidemiologescher Situatioun geännert?

Dec 04, 202026:43
Podcast 4 mam Prof. Bernard Weber a mam Dr. Stéphane Tholl

Podcast 4 mam Prof. Bernard Weber a mam Dr. Stéphane Tholl

An eisem 4. Podcast froe mir beim Prof. Bernard Weber a beim Dr. Stéphane Tholl vun de Laboratoires réunis no wéi hire Labo sech opgestallt huet fir déi vill Tester an der Pandemie ze bewältegen a wéi sech fir de Large Scale Testing organiséiert gouf. Mir wollten och wësse wat et mam sougenannte Pooling op sech huet a wéi sécher déi verschidden Tester sinn.

Nov 27, 202029:05
Podcast 3 avec Dr. Anna Chioti

Podcast 3 avec Dr. Anna Chioti

Quel est le processus de la genèse d’un vaccin ? Quels sont les différents types de vaccins et comment fonctionnent-ils ?

En ce moment, l’on parle beaucoup de vaccination. Voilà pourquoi, dans notre 3e podcast, Dr. Anna Chioti, Chef de Division de la pharmacie et des médicaments à la Direction de la santé, explique le développement des vaccins en général et aborde également les questions d'approbation dans le contexte européen.

Cet épisode sera en français.

Nov 20, 202030:44
Podcast 2 mam Dr. Thomas Dentzer

Podcast 2 mam Dr. Thomas Dentzer

Ass d’COVID-19 Pandemie mat anere Pandemien an der Vergaangenheet ze vergläichen? Wat hu mir zum Beispill aus der spuenescher Grippe geléiert?

Wéi gi Mesuren determinéiert ? Wat bréngt de Large Scale Testing an der Bekämpfung vun der Pandemie ?  A wat huet et mat der Mutatioun vum Virus an der Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch op sech?

An eiser 2. Podcastepisod schwätze mir mam Virolog Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun ënnert anerem iwwert verschidde virologesch Aspekter vun der COVID-19 Pandemie an iwwert d’Lëtzebuerger Large ScaleTesting Strategie.

Nov 13, 202037:23
Podcast 1 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Podcast 1 mam Dr. Jean-Claude Schmit

Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen. Dëse Samschdeg fänke mir mam Dr. Jean-Claude Schmit dem Direkter vun der Santé un.

Deux fois par mois, nous vous proposons d'écouter un de nos experts de la santé autour d'une thématique liée à l'actualité de la COVID-19 et du Large Scale Testing.
Ce premier podcast porté par Dr. Schmit traite du virus et de son traitement au Luxembourg et dans le monde, de l'infection et de la période d'incubation de la grippe par rapport à la COVID-19.

Oct 30, 202017:26