Ceci, Do You Love Me?
By Cecilia Said Vieira
Ceci, Do You Love Me?Apr 12, 2023
#51 Marlee Dos Reis - Fighting For Representation
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :)
D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach.
Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen.
Merci fir d'Laanschtkommen!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
#50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go!
(Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.)
Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech?
Hei sinn d'Themen:
- Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal?
- Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn?
- Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen?
- Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach?
- Wat ass däin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch?
- Teaser an dem Maale Gars säin LESCHTEN Album!
- De Maale Gars mécht Schluss...
Vill Spaass beim Lauschteren!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
#49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch
#48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem.
An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass.
Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond.
Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen?
De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
#47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech?
De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren.
An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.
Lauschtert eran and stay tuned for more!
#46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀
Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen.
Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer!
#45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur
De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this.
Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.
Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)
🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me
#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. -
An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!
🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat?
🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo?
🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner?
🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt?
🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun?
🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un?
🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.?
Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
#43 IREM - Female Support an der Musekszeen
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff!
Wouriwwer schwätze mir?
➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek?
➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch?
➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien?
➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren."
... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren!
*jiddereen den sech als Fra identifizéiert
#42 Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum sexual Abuse
An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun.
Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus? Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren?
Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci fir déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen. Dir sidd staark!
De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestäerkt ginn, dofir ass mäin Zil mat dëser Episode d'Präventioun ze fërderen an net "victim blaming" ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn.
Du bass Affer vu Gewalt ginn? Hei fënns du all d’Organisatiounen déi dir hëllefen kënnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/
________________
Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira
Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo
Lights: Tierry Cumini
Location: CID Fraen & Gender
Support: Ministère de la culture
#41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift
An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn!
De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :)
Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen:
- Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn?
- Dem Jeremy seng Nonna erklärt him wat Léift ass
- Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten?
- Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg?
- Generationsdiskussioun: Mir si méi fräi wéi eis Elteren
- Wisou feiert de Jeremy keng Molerei?
- LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et!
Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.
#40 Cloe von Van - Gamergirl vs Sexismus
An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt.
Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe.
Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :)
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode:
CULTURE FOREST FESTIVAL
MAY 13, 2023
—
PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
#39 De Wollef - How to Go Viral & Méi
An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “Mood Luxembourg” op Instagram a Tiktok.
Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen:
- Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram?
- Influencer: Moral vs. Image
- Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land?
- Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen?
- Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus)
- a villes méi!
Lauschtert eran a gitt mir gäre Feedback zu dëser Episode!
_____________________________
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode:
CULTURE FOREST FESTIVAL
MAY 13, 2023
—
PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
#38 Julien Hübsch - Wat ass onkonventionell?
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt.
Ech schwätze mam Julien iwwert d’Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganzer Konschtwelt ännere wéilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass onkonventionell? Wat misst een änneren fir de Jonken een realistescht Bild ze weisen, wéi et ass Konscht als Beruff ze wielen? Dat a vill méi gitt der hei gewuer. Vill Spaass beim lauschteren!
Dëst Episode gëtt #gesponsert vum Culture Forest Festival. Tickets fir de Festival a méi Infoe zum Line-up fannt der ënnert https://www.culture-forest.com .
CECI PRESENTS: SUMO - Liewenszil: Vum Hobby Liewen
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen:
- Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.
- Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen?
- De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi Liewenszil erreecht, soubal ee vu sengem Hobby liewe kann?
- Wat sinn NFT's a wisou spillen se sou eng grouss Roll an der Kënschtlerzeen?
- Ai - Wéi steet de Sumo zu Konscht déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert gëtt?
Lidder déi gefeatured gouffen:
7:23 Mos Def - Mathematics
16:03 Bobby Womack Across 110th Street
30:03 Jackie Stoudemire - Flying High
__________________
Note: Dat heiten ass déi läscht Episode vu Kulturpur. An der nächster Staffel vu CDYLM dréint sech rëm alles ëm Tabu Themen, aussergewéinlech Perséinlechkeeten a Jobs a natierlech spicy Themen! Freeë mech schon op déi 4. Staffel
CECI PRESENTS Katharina Bintz - Schicksalsschlag & Me Too Beweegung
Zu Gaascht an dëser Episode ass d'multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz . Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen:
➡️ Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken
➡️ Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well
➡️ Schicksalsschlag: Multipel Sklerose
➡️ Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg?
➡️ Erzielung: Valley Girl
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gi sinn:
14:15 Laikipia - Down Down
36:02 Sasha Ley - In Between
Vill Spaass beim Lauschteren!
https://anchor.fm/cecilia-said-vieira
CECI PRESENTS: Blanket Hill - Heavy Metal Mol Aneschters
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht.
Themen vun der Episode:
➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier?
➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek"
➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert?
➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten?
➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups and Downs"
➡Upcoming Japan Tour!
Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen:
14:59 50 Cent - Many Men
32:37 Blanket Hill - Neighbourhood
Vill Spaass beim Lauschteren!
CECI PRESENTS: Benjamin Kruithof - Musek anechters lauschteren
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech, dass Leit Musek rëm schätze sollen an sech mol dohinner sëtze sollen an d'Musek mat alle Sënner genéisse sollen. Vill Spaass beim Lauschteren!
CECI PRESENTS: Sarah Bergdoll - Der Gesellschaft eppes zréckginn
D’Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer.
Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!
CECI PRESENTS: Sarah Mandres - The Inner Child an der Konscht
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨
➡ Wéi schwéier ass et "wéi ee Kand" ze molen? D'Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als "reng" Konscht bezeechent, déi Erwuesse Leit oft net hikréien.
➡ Du muss dech am Ufank als Kënschtlerin beweisen - wéi ass dat zu Lëtzebuerg?
➡ Kënschtlerfaktor: Wéi rechne Kënschtler:innen hier Präisser?
➡ Konscht als Selbsttherapie
Lauschtert erann: Link in Bio!
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
11:48 Grossstadtgeflüster - Fickt-Euch-Allee
23:39 The Rolling Stones - Paint It Black
Photo Credits: © @anoukflesch
CECI PRESENTS: Sarah Vermeulen- Réckewand an der Kënschtlerzeen
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un:
- Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform?
- Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren?
- Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz?
- Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!
Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :)
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen:
10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet
21:33 Sixo ft. Irem - Gold
31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
CECI PRESENTS: Sandra Biewers - Inktologie - Tattoowelt: Fréier & Lo
Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d'Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn.
Dat heiten sinn d'Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen:
➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut?
➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen.
➡ Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass?
➡ Instagram Q&A: D'Sandra beäntwert är Froen!
➡ Medizinesch Tattoos: 🎗Wéi profitéiere Broschtkriibs Patient:innen oder Persounen déi eng Geschlechtsëmwandlung kruten dovun?
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
33:22 Xavier Rudd - Follow The Sun
45:59 The Doors - People Are Strange
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
CECI PRESENTS: Maale Gars & Damien Giudice - Hannert Frëndschaft, Musek a Konscht
VIDEOPREMIERE LET'S GO!
An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars.
Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn.
Nei bei dësem Podcast: Zwou Wourechten an eng Liggen aka 2 Truths & eng Fuutz!
Nom Spill ginn mir méi déif an den Damien seng Aarbecht an - hien ass nämlech mat engem Solo Projet (Boy from Home), eng Band (Creatures on Mars) an als Linol- an Drockkënschtler zimmlech busy. Schlussendlech ginn et nach Froen un den Maale Gars, wéi alles enstaanen ass an wéi seng Schüler:innen hien gesinn. Natierlech weisen si dann nach den Objet den sie matbruecht hunn!
Kuckt iech de Video op Spotify (mam neisten Update) oder op Instagram un.
Lidder déi gefeatured sinn:
00:05 Maale Gars - Ëmmer fir Dech Do
00:09 Boy From Home - I Don't Wanna Go Home
00:14 Epicure - At Least You Tried
00:35 Maale Gars - Alles Nei
00:40 Creatures on Mars - Rope
00:54 Luke Sital-Singh - Nothing Stays the Same
Vill Spaass beim Lauschteren!
CECI PRESENTS: Brooze - Rap ass net gläich Rap
Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op d'lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren!
Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen:
- Wisou gëtt ee Kënschtler, de vun den Zuelen hier, ee vun deene beschte Kënschtler* am Land ass, sou wéineg vun de Medien ënnerstëtzt?
- Wéi een Impakt huet seng Musek op jonk Leit?
- Rap Musek an déi ganz Scene verstoen: Tëscht Ironie, Provokatioun a Konschtfräiheet
- Wat muss ee gudde Artistmanager senger Meenung no hunn? (WANTED: De Brooze sicht ee/ng Manager/in!)
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
13:24 Brooze - Ja an dann
33:21 Brooze - Mat Dear
Folgt dem Brooze op Instagram!
Lauschtert an seng Musék eran.
*De Musek op lëtzebuergesch mécht.
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
CECI PRESENTS: MAZ - Ee Solo Artist ass ni eleng.
CECI PRESENTS: Pleasing - Kreativen Impakt duerch Mental Health
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann.
Lidder déi an dëser Episode geafeatured sinn:
13:07 @mazuniverze - Over
18:28 Pleasing - Bplr
38:33 @tuysband - More Than An Account
___________
@kulturpur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam @radioara & Podcast Host @vonwegenceci . Et ass eng Plattform fir Kënschtler:innen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht - Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen.
#37 Liz Breuer - Faszinatioun United States of America
In New Yooooork, concrete jungle where dreams are made of
There's nothing you caaaan't do 🎶✨
Ech hunn d'Liz Breuer zu New York getraff, fir genau ze sinn am Central Park. D'Liz ass no der Première op New York geplënnert fir do Fashion Management ze studéieren. Mëttlerweil huet hat seng eegen Sustainable Marketingagentur gegrënnt a wunnt fest am Big Apple.
Hat erzielt eis an dëser Episode wéi hat sou wäit komm ass, wéi déi verschidde Steps ausgesinn fir iwwerhaapt sou wäit ze kommen, wéi et sech zu New York lieft a wisou hat warscheinlech ni méi vun do fort wäert goen. Säi Wee als CEO ass als jonk Fra natierlech och net den einfachsten, dofir schwätzen mir och iwwert d'Struggles déi an sengem job gängeg sinn.
Vill Spaass beim Lauschteren!
#36 Raphael Betti - Vu Schoulmeechter op Award-Winning Bartender
Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux.
Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen:
Wisou ass de Raphael vu Schoulmeeschter an d'Gastro gewiesselt?
Wat ass d'Konzept vun der Event-Reih "Moonshine"?
Wat ginn et fir aussergewéinlech Bar Konzepter op der Welt - a kéinten déi och zu Lëtzebuerg funktionéieren?
Wéi gesinn d'Behind The Scenes vun der Barscene zu Lëtzebuerg aus?
Wisou gi vill Leit an der Scene "ënner"?
Wat ass d'World Class Bartender Competition a wéi hues du dech do fir d'Final zu Sydney nominéiert?
Vill Spaass beim Lauschteren!
Folgt dem Rapahel op Instagram: www.instagram.com/betti_rapha/
______________________________________
INFO: Dat heiten ass déi läscht Episode vum Konzept CDYLM!
#35 Djuna Bernard - Scoutismus, Feminismus a positive Lobbyismus
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard.
Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn.
An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - wéi eng Hürden hat als jonk Fra an der Chamber muss bewältegen, fir genau sou eescht geholl ze gi wéi seng mat-Politiker:innen. Stéchwuert: Feminismus!
Vill Spaass beim Lauschteren!
Falls iech meng journalistesch Aarbescht gefällt, kënt dir mech ënnerstetzen andeems dir mäi Patreon Account abonnéiert oder meng Merchandise kaaft. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir hei: https://neon.page/cecidoyouloveme
#34 Hugeriter - Save the Bees!
Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :)
Mir schwätzen iwwert folgend Saachen:
- Wat brauch een alles fir Imker ze ginn?
- Wéi kommunizéiere Beien a wéi funktionéeiert hier "Welt"?
- Wisou si Beien sou wichteg fir eis?
- Wéi kann een "Fake Hunneg" vu richtegem ënnerscheeden?
- Wéi ethesch ass et Beien ze halen?
... a villes méi! Vill Spaass beim Lauschteren!
Support Link a Merch: https://neon.page/cecidoyouloveme
Mir si Miersch 2022 - Special Festival Episode
Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot.
An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) :
- Tun Van Beest (Mat Organisateur)
- Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK )
- Marvin Caldarella (Haapt-Organisateur)
- Art in Motion
- Damien Giudice vun Mediabox https://www.mediabox.services
- Scoute vun den LGS Miersch
- Stayfou (Luka Tonnar, John Wolter, Tun Tonnar https://neon.ly/mQPX1 )
- The Disliked ( https://neon.ly/mlbPd )
- Seed To Tree ( https://neon.ly/pyZDo )
- Le Vibe ( https://neon.ly/pP3X3 )
- Serge Tonnar ( https://neon.ly/NZBZP )
Villmoools Merci u jidderen den dobäi war!
#33 Lindsay Caldarella - Asexualitéit & Polyamorie
Mir schwätzen ënner anerem iwwert folgend Themen:
Wéi fënnt e raus, dass een Asexuell ass?
Muss een sech als Asexuell outen?
Wéi verleeft eng asexuell Bezéiung?
Hunn asexuell Leit Sex?
Wat heescht et an enger polyamoréiser Bezéiung ze sinn?
Et gëtt e Grond wisou ech dëst Episode haut verëffentlechen an net Sonndes. Haut si mir den 28. Juni an genau an dësem Dag am Joer 1969 huet d'LGTBQ+ Community fir hier Rechter gekämpft. Déi Protester ginn als Stonewall Riots bezeechent. Dank deenen huet d'Lgtbq+ Community haut vill méi Rechter. Vill Spaass beim Lauschteren!
___________________________________
Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht. Ech géing mech mega freën wann dir mech finanziell ënnerstetze kéint:
www.patreon.com/cecidoyouloveme
Oder kaaft meng Merchandise: jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
CECI ASKS: Klichéen vun enger veganer Ernährung
Grousse Merci un de Raphael Betti, d'Silvie Almeida an d'Nadia vu Vegains Luxembourg!
#32 Anouk Treff - Wéi lieft ee mat Anorexie?
Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden.
An dëser Episode schwätzen ech mam Anouk Treff, wat duerch d'Krankheet gaangen ass, wéi et dozou komm ass, wéi et säin Ëmfeld betrëfft, wat d'Symptomer dovunner sinn an och wisou et him wichteg ass doriwwer ze schwätzen. D'Episode ass zimmlech "positiv" opgebaut, mee fir déi déi sou Themen net kënnen héieren, sollten dëst Episode skippen.
________________
MERCH: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
#31 Andreia Monteiro - Borderline Personality Disorder
Éischt Episode vun der 3. Staffel: An dëser Episode schwätzen ech mam Andreia Monteiro iwwert eng Krankheet, vun der een oft an den Medien héiert: Borderline Personality Disorder. Wat genau ass déi Krankheet? Wat sinn d'Symptomer, wéi lieft een domad an kann een et heelen? Et ass extrem schwéier mat der Krankheet ëmzegoen dofir ass et dem Andreia wichteg doriwwer ze schwätzen fir Awareness zu Lëtzebuerg ze schafen. Ech hoffen dir kritt mat Hëllef vun dëser Episode een anert Bild op mental Krankheeten. Vill Spaass beim Lauschteren!
TRIGGERWARNING: Falls iech Themen wéi Doud & mental Krankheet net gutt dinn, dann skippt w.e.g dest Episode.
_______________________________________
Dir gefält meng redaktionell Aarbecht an du wëlls méi vu CDYLM Podcast héieren? Dann ennerstetz mech op mengem Patreon Account! Du hues do 3 verschidden Optiounen wéi s du mir hëllefen kanns: https://www.patreon.com/cecidoyouloveme
#30 Jil Devresse - Tëscht Zoufall, Gléck an Talent
.
.
.
Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie. Falls dir Loscht an d'Méiglechkeet hutt mech z'ënnerstëtzen, da géing ech mech iwwert e klengen Don freeën. Op dësem Link fannt der méi Infoen doriwwer: ➡️ www.patreon.com/cecidoyouloveme
Dir kritt och natierlech eppes dofir zréck! D'Packages stinn all um Patreon Account. Falls du nach Froen dozou hues, dann zéck net a mell dech bei mir :)
CECI ASKS: Fraestreik - Wisou bass du haut hei?
Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten:
- faire Lounausgläich
- allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit
- Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen
- automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen
- Recht op bezuelbare Wunnraum
- Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt
Pour Info: Dat si genau déi selwecht Fuerderunge wéi virun engem Joer, well sech d'Situatioun nach ëmmer net geännert huet - éischter souguer verschlechtert, well d'Pandemie alles méi schlëmm gemaach huet.
Villmools Merci un jiddereen den sech Zäit geholl huet an de Mikro ze schwätzen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Grousse Merci un: Karma an de Pit
Musik Credits: C'est Karma https://www.instagram.com/c.est.karma/
Photo Credits: Pit Reding https://www.instagram.com/rp.p._/
#29 Matilda Preka - D'Realitéit hannert der Flucht.
- DISCLAIMER -
Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt.
D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet missen duerch vill extrem Situatioune goen. hat beschreift eis wéi d'Realitéit hannert der Flucht ausgesinn huet a wéi dat ganzt hat bis haut nach gepräägt huet. Et ass interessant ze héiere wéi hat säi Wee fonnt huet mat der Situatioun eens ze ginn. Nierwend dem Thema "Gefiller beaarbechten ze kënnen" schwätze mir och iwwert seng Modelcarrière a wéi d'Welt vum Zeechnen hat ëmmer begleet huet. Vill Spaass beim Lauschteren!
#28 Tun Tonnar - Boys Don't Cry!
Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir vill an dëser Episode schwätzen. Nierwend dem "Offline" sinn hu mir och doriwwer geschwat, wéi een als Museker Sue verdéngt, wéi ee mat sengen Traumata ëmgeet, wisou Männer méi kräische sollen a schlussendlech verréit iech den Tun d'Geheimnis fir ad'Motivatioun ze fannen Projeten duerchzezéien. Den Tipp huelen ech mir och scho säit laangem zu Häerzen!
Nierwend all dem kënnt dir exklusiv an dëser Episode an zwou unreleased nei Singlen vum Tun ranhéieren! Vill Spaass beim Lauschteren a schreift mir gäre Feedback zu dëser Episode :) Lauschtert a seng Musék erann: https://open.spotify.com/artist/6jaPkL4pNfa4aEDCIEYNP0?si=lwq8-5_rQzCGhRVOAppcFw
Dem Tun säin Tinder Account: https://tinder.com/@turnuptun :D
#27 Dirk Kesseler - Kréativitéit ass ee Mindset
Den Dirk Kessler ass an der lëtzebuergescher Illustrator Scene scho zimmlech etabléiert. Hien huet scho zesumme mat den Rotondes een augmented Reality Kannerbuch illustréiert an animéiert, zuelräich Comics a Plakater designt a schonn e puer Awards ofgeraumt. Hien set zwar vu sech selwer, dass hien nach kee richtegen Illustrator ass, well hien nach net fäerdeg ass mat sengem Studium, mee ech denken, dass dat engt net vun dem aneren ofhängeg ass. Den Dirk erzielt eis an dëser Episode ënner anerem seng Usiichten zum Thema “Stil fannen” mee awer och erkläert en eis, wat et fir hien bedäit originell ze sinn. Iwwregens huet den Dirk wuel vun all mengen Gäscht den interessantsten Objet matbruecht mat enger schéiner a witzeger Geschicht, loosst iech iwwerraschen! An Avis aux amateurs, mir zwee sichen no engem Steierberoder. Mellt iech gären, well et schéngt sou, als hätte mir net vill Anung dovunner. Vill Spaass beim Lauschteren!
Seng Websäit: https://dirkkesseler.com/
Säin Instagram: https://www.instagram.com/dirkkesseler/
#26 Angel Cara - Be REAL
Happy New Year! Wéi fänkt een d'Joer am beschten un? Ma mat enger neier CDYLM Episode natierlech. Dëst Kéier zu Gaascht Angel Cara :)
EP: 26 - Angel Cara - BE REAL
Oft ass et sou, dass Kënschtler sech hannert enger Fassade verstoppen an eng Persona duerstellen, déi si a Wierklechkeet net sinn. Beim Cara gesäit et awer e bëssen aneschters aus. Hat ass REAL. Musek ass fir hat net einfach simpel Musek, mee och ee Wee fir alles ze veraarbechte wat hat erlieft huet. Hat erzielt eis an dëser Episode iwwert seng Kandheet, iwwert d'Modelwelt, mat wéi enge Lëtzebuerger Artisten hat zesumme schaffe well (Spoiler: Shoutout un de MAZ & CHAILD ) an awer och wéi et ass sech al Fra an der Musikscene duerchzesetzen.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Lauschtert an seng Musek erann:
https://www.youtube.com/watch?v=-MsmqsLdVco
Gëlle Fro Episode: https://www.youtube.com/watch?v=8PIfhZFAYVA
#25 Debbie Kirsch - Sustainable Entrepreneurship
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d’Debbie Kirsch. D’Debbie ass d’Grënnerin vum sustainable & faire Kleedergeschäft Devi. Mir schwätzen an dëser Episode bei engem wuelverdéngte Glas Crémant iwwert sustainable Entrepreneurship an awer och iwwert d’Problemer déi eisen Lifestyle matsechbréngen. Hat erklärt iech net nëmmen wéi säin ganzt Konzept opgebaut ass, mä och wat een alles brauch fir eng erfolgräich an nohalteg Brand ze grënnen. Vill Spaass beim lauschteren!
Websäit: https://devi-clothing.com/
#24 Khalid Oke - Wa Kulturen openee stoussen.
De Khalid ass een talentéierten Kënschtler, de mat senger Musek d'Geschicht vu senger Kultur a vu sengem Way of Living erzielt. Hien weist sech ongefiltert sou wéi hien ass an erzielt eis an dëser Episode wat en an senger Kandheet duerchmaachen misst, mee awer och wat en zu dem gemaach huet, wat en haut ass. Leider war Mobbing an Diskriminéierung ee groussen Deel vu sengem Alldag. Mee genau dat huet hien als Mënsch gestäerkt: En ass dankbar fir dat wat hien huet, hien bereit näischt an hien versicht ëmmer dat Positiivt am Liewen ze gesinn.
Vill Spaass beim Lauschteren an lauschtert gären an seng Musek eran: https://open.spotify.com/artist/2iYuQedAM3oShovJ0KK1Lo?si=vRGLTngWT-GtI9-vaYlwGg
Folgt him op Instagram: https://www.instagram.com/oke__music/
#23 Jeremy Palluce - All Mënsch ass ee Kënschtler!
All Mënsch ass ee Kënschtler!
Wat ass Konscht? Wat ass de Sënn vum Lierwen? Dat si Froen, déi onméiglech sinn, fir ze beäntferen. Trotzdem gouf dat an dëser Episode zum Thema. De Jeremy Palluce beschreift sech selwer als de privilegéierste Mënsch op der Welt. A genau doriwwer, schwätzt hien och a senge Konschtwierker. Als Lëtzebuergesche Kënschtler, den duerch seng Fashion Mark „Palazzo Parano“ bekannt ginn ass, huet hien et an engem ganz jonken Alter schonn hikritt am Mudam ausgestallt ze ginn. An dat, kann net jidderee vun sech behaapten.
An dëser Episode philosophéiere mir iwwert seng Virbiller, wat et bedeit Kënschtler ze sinn a wéi een sech selwer ëmmer rëm kritiséiere muss. Hien beschreift eis och wéi säi Fashion Design Studium zu Basel leeft a wéi en sech seng Zukunft virstellt.
An dëser Stell geet ee grousse Merci un D’Agence de Pub Moskito raus, déi mir ee Studio zur Verfügung gestallt hunn. Ech wënschen iech vill Spaass beim Lauschteren!
Kuckt iech seng Konscht un: https://www.instagram.com/jeremypalluce/
#22 Ken Braz - Ee positiven Impakt mat engem Kaffi Business
Vill kënnen net ouni Kaffi. Et ass eppes wat bei ville Leit zum Alldag gehéiert an dofir dréint sech an dëser Episode quasi alles ronderëm de Kaffi. De Ken an ech schwätzen an dëser Episode ënner anerem iwwert Social Businesses, wéi ee mat Marketing ee positiven Impakt op d'Gesellschaft kann hunn an natierlech och wéi een gudde Kaffi erkennt.
De Ken Braz huet grad seng eege Crowdfunding am Start mat der en seng mobil Kaffi Réischterei finanzéiere well. Hëlleft him säin Dram z'erfëllen an ënnerstëtzt seng Campagne!
August 63: Méi Informatiounen dozou fannt dir an dësem Link: https://www.startnext.com/august63
#21 Laurent Lamesch - Hannert der Aarbecht vun engem Bestatter
Eppes wouriwwer an eiser Gesellschaft net vill geschwat gëtt, ass den Doud. Et gëtt tabuiséiert an heiansdo ënnert dem Teppech gekiert. Mais wisou schwätzen mir net gären iwwert den Doud, wann et souwisou jiddereen eng Kéier erliewen wärt? Wéi seet ee sou schéin? Den Mënsch muss guer näischt, ausser stierwen an Steiere bezuelen.
Befir ech des Episode opgeholl hunn, hunn ech op Instagram gefrot, wat dir scho ëmmer vun engem Bestatter wëssen wollt. Ech hunn sou vill Froen wéi méiglech gefrot an den Laurent huet se all éierlech beäntwert. D'Äntwerten sinn all mega interessant an puer souguer zimmlech absurd. Ech hoffen et gefält iech! Vill Spaass beim Lauschteren.
#20 Mathieu Lohr - Wéi leescht een humanitär Aarbecht?
Wou ech de Mathieu gefrot hunn, als wat hien säin "métier" bezeechne géing, konnt hie mir keng kloer Äntwert ginn, well hien sech selwer net secher ass, wat hien elo schlussendlech ass. Consultant? Humanitären Aktivist? Ee Virbild? Ee Fotograf? Dat si menger Meenung no, d'Beschreiwungen déi seng Aarbecht am beschte beschreiwen.
Hien befend sech zweschen zwou Welten. Déi eng ass Lëtzebuerg, ee Land wou positive Fridden herrscht. Déi aner ass ënner anerem Somalien, ee politescht instabilt Land. Mais wat mëscht hien do? de Mathieu leescht humanitär Aarbecht. Wat dat bedeit an aus wat fir eng Challenges dat besteet, erkläert en iech an dëser Episode. Hien erzielt eis vu sengen Idoler, erkläert eis wéi Kricher entstinn a wisou si Kulturen zerstéieren an en beschreift eis wéi hie mat verschidde Situatioune kloer kënnt. Vill Spaass beim lauschteren!
Instagram: @nischaree
______________________________________________________________________________________
D’Humanitär Welt bréngt fill verschidden Themen a Problemer zesummen. Zum Beispill: Klimawandel, Konflikt, Geopolitik… an eng vun de beschten News-Sourcen fir dat alles ze verstoen ass www.thenewhumanitarian.org.
Humanitär Organisatiounen produzéieren och selwer enorm fill (a super interessant) Dokumenter, zemools Fact-Sheets. Wann een un déi wichtegst Fakten an Nummere well kommen, bzw gesi well wat déi verschidden Agencen maachen soll een op https://reliefweb.int/ goen.
Et kascht €0.70 fir de Welternährungsprogramm vun da UN engem Kand an den äermste Regiounen vun da Welt eng Moolzecht ze erméiglechen. Et kascht dech 1 Klick um Handy fir déi €0.70 mat ShareTheMeal.org ze spenden. 100% vun ärem Don geet un d'Kand, an eng Rëtsch vu Sponsoren iwwerhuelen d’Logistesch an aner Käschten.
Klenge Bonus: all Natiounen vun da Welt hunn 2015 decidéiert d’Sustainable Development Goals zesummen ëmzesetzen. Dat sinn Zieler ewéi zB ‘0 Honger bis d’Joer 2030’ oder de Klimawandel ugoen. Mee wat geschitt do, wat sinn d'Léisungen a Problemer fir d'Welt dohinner ze beweegen? Den SDG Knowledge Hub https://sdg.iisd.org/ huet eng heiansdo dreschen mee wichteg Iwwersiicht wat de Multilaterale System (also all Länner an international Institutiounen) do genau mëscht.
CECI ASKS: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg?
STAFFEL 2 - Ceci Asks: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg?
Eeeendlech rëm Podcasts! Dat heiten ass déi éischt Episode vun der neier Staffel vun ärem lieblings lëtzebuergesche Podcast Ceci, Do You Love Me?
Ech wollt déi nei Saison direkt mat enger special Edition Episode ufänken. Ceci Asks: Dir kennt et schonn! Eng Fro - 3 Gäscht - 1 Thema. An deene leschte Méint huet Lëtzebuerg de Klimawandel däitlech ze spiere kritt: Fluten - Lëtzebuerg war enner Waasser. Dat kann dach net sinn! Dach, an et wäert ëmmer méi schlemm ginn, soubal mir näischt dogéint ënnerhuelen. Bref: An dëser Episode schwätzen ech mat 3 Gäscht, déi sech an dem Beräich gutt auskennen, iwwert d'Konsequenze vum Klimawandel zu Letzebuerg. Wéieng Secteure wäerten dovunner betraff sinn, wat kene mir dogéint maachen a wat fir eng Gesetzer solle geännert ginn, fir dass mir Lëtzebuerger eise CO2 Ausstouss pro Kapp verréngere kënnen?
Ee grousse Merci geet raus u meng Gäscht:
Selma Weber: Lauschtert an de Klimapodcast vum Selma erann: https://das-buero-fuer-nachhaltigkeit.podigee.io/ https://www.instagram.com/buero_fuer_nachhaltigkeit/ & https://www.instagram.com/selma.isabelle.weber/
Jessie Thill: https://www.instagram.com/jessiethill/
Eva Zhan: https://www.instagram.com/zw33va/
Vergiesst net mir ze folgen :) https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/
#19 Maxime Weber - Tëscht Aktivismus, Bicher & Legosteng.
De Maxime Weber ass mech zu Berlin besiche komm - Hien hat et amfong net wäit, well en selwer hei zu Kreuzberg wunnt :)
Mir hunn iwwert vill verschidden Theme geschwat: Enner anerem iwwert Leit déi seng Aarbecht als Aktivist géint Rietsextremismus verurteelen, mais awer och iwwert seng Passioun ronderëm Musek, Videoen a Filmer. Wärend dem Gespréich ass mir opgefall, dass de Maxime een ultimativen Alleskënner ass. Wat kann hien eigentlech net? Hien ass ee Schrëftsteller, hie war schonn a gefillt 20 Bands (Ech hunn opgehale mat zielen!), hie féiert Regie, schreift Theaterstécker AN neierdéngs mëscht en och fir seng nei Aarbecht Podcasts. Doriwwer a vill méi erzielt en iech an dëser Episoden. Vill Spaass beim Lauschteren!
**SUMMERPAUS** Mir gesinn eis am September rëm! Bis dohi lauschtert gären an déi al Episoden eran. Se sinn all worth it! No der Paus hunn ech eng Iwwerraschung fir iech 😊 Stay Tuned!
Maxime Weber Blog: https://www.facebook.com/maximeweberblog
https://deathwasamistake.bandcamp.com/album/there-are-gardens-in-the-abyss
#18 Nadine Robert - Z’iwwerliewen ass eng Konscht.
An dëser Episode hunn ech ee méi aussergewéinlecht Gaascht zu Besuch. D'Nadine Robert ass eng 63 Joer jonk Lëtzebuergerin, wat sech vu ville Leit an hirem Alter ervirhieft. Ech gesinn si als Kämpferin un, well d'Nadine et am Liewen net ëmmer liicht hat. Sie erzielt eis e bëssen iwwert d'Vergaangenheet an och erkläert si eis, wisou si sou grousse Fan vun der jonker Generatioun ass. Obwuel mir ee groussen Altersënnerscheed hunn, hunn mir mega vill Gemeinsamkeeten! Vill Spaass beim Lauschteren! :)
Folgt him a mir op Instagram:
https://www.instagram.com/nadinerobert.official/
https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/